Episode 65 : Tantra
Tantra. Bei deem Wuert denken déi meescht vun eis warscheinlech als Éischt u Sex, Intimitéit oder vläicht un eppes e bëssen Esoteresches. Mee Tantra ass eigentlech vill méi breet wéi dat. Et ass eng al spirituell Traditioun, an där de Kierper, d’Bewosstsinn an eis Erfarungen net vuneneen getrennt ginn. Amplaz de Kierper ze ignoréieren oder ze kontrolléieren, geet et drëm, en ze spieren, präsent ze sinn an dat, wat an eis geschitt, bewosst wouerzehuelen. Mee wat huet dat mat eisem modernen Alldag ze dinn? Wat kann Tantra eis iwwer Intimitéit, Sexualitéit, Grenzen, Verbindung an eis Relatioun mat eisem eegene Kierper léieren? A firwat hu mir heiansdo esou vill am Kapp verstanen – mee eise Kierper reagéiert trotzdem ganz anescht?
Doriwwer schwätzen ech haut mam Stella Witry, Sexualtherapeutin an Grënnerin vun Tantra Luxemburg, & Stella Bodywork.
Comments
New comment