Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Episode 66 : Wildnispädagogik

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS
Read transcript

Als Kanner ass déi Virwëtzegkeet dacks ganz natierlech. Mir entdecken, mir beréieren, mir sammelen, mir stellen dausend Froen. Mee iergendwou um Wee zum Erwuessesi verléiere vill vun eis déi Verbindung. An do kënnt d’Wildnispädagogik an d’Spill. Et geet drëm, d’Natur net nëmme vu baussen ze kucken oder eppes iwwer si ze léieren, mee se wierklech ze erliewen. Mat eise Sënner, mat eisem Kierper an och mat eiser Virwëtzegkeet. Mäi Gaascht ass d’Jessica Desorbay, Naturguide, Achtsamkeetstrainerin, Wildplanzen- a Wildnispädagogin an d’Fra hannert Wildchild.lu

D’Jessica verbënnt a senger Aarbecht aalt Wëssen iwwer d’Natur a wëll Planze mat moderner Naturpädagogik an Achtsamkeet. A senge Workshops begleet si Kanner an Erwuessener an de Bësch – fir méi lues ze ginn, nees bewosst ze lauschteren an ze spieren, a sech iwwer d’Natur och selwer nees e Stéck méi no ze kommen. Mat hir schwätzen ech haut doriwwer, wat Wildnispädagogik iwwerhaapt ass, firwat mir eis Verbindung mat der Natur ëmmer méi verléieren a wat geschitt, wa mir se neesfannen. www.wildchild.lu


Comments


New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...

by Sarah Cattani

Subscribe

Follow us