Episode 67: Naturopathie
An dëser Episod schwätze mir mam Christel, Grënnerin vun Nature Complice, iwwer Naturopathie an eng ganzheetlech Approche zum Wuelbefannen. No 20 Joer am Finanzsecteur huet si hire beruffleche Wee nei ausgeriicht an hir Passioun fir Gesondheet, Natur a perséinlech Entwécklung zu hirem Beruff gemaach.
Mir schwätzen iwwer d'Piliere vun enger gesonder Liewensweis, d'Roll vun der Ernärung, dem Schlof, dem Stress an de Planzen, mee och iwwer chronesch Middegkeet, Erschöpfung a Burn-out bei Fraen.
Eng Episod iwwer Präventioun, Selbstverantwortung an d'Konscht, nees op déi eege Besoinen an op de Kierper ze lauschteren.
🌿 Méi iwwer Christel an hir Aarbecht: naturecomplice.com
Comments
New comment