Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Episode 4: Faaschten

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Faaschten, also fir Stonne, Deeg oder esouguer Wochen näischt z'iessen gëtt et schonn Joerhonnerten. Wat huet et domadder op sech an wat geschitt dobäi am Kierper an am Geescht. Doriwwer schwätzen ech mam Monique Schmit vun Fastenwandern.lu. Si ass pensionéiert Infirmière an huet sech hiert Liewen laang mat Ernierung an Gesondheet beschäftegt. Zanter 25 Joer mëscht si all Joers eng Faaschtewoch no Buchinger a beschäftegt sech och soss ganz vill mat gesonder vitalstoffräicher Vollwertkascht. Nieft hirem Engagement bei den Faaschtenwanderer geet si och soss vill wanderen, Vëlofueren an danzen. www.fastenwandern.lu

Episode 3: Soundmassage

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Musek an Téin hunn en groussen Effekt op äis. Se kennen frou stemmen oder traureg. Ma doriwwer eraus kënnen se äis awer och déif entspanen an et ass och eng Methode fir verschiddenes am Kierper ze débloqueieren. Mam Gilles Heinisch, zertifiéierten Entspanungstrainer an Klangmassagepraktiker schwätzen mer an dësem Episode iwwert d'Beneficen vun Soundhealing an als Bonus gëtt et um Enn dann och nach eng Klangmassage fir vun doheem aus matzemaachen. Macht et iech also gemittlech. www.calme.lu

Episode 2: Mindset beim Sport

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dass Sport oder physesch Aktiviteit gudd ass fir den Kierper an och den Geescht ass wuel jidferengem bekannt. Mee wéi wichteg ass den Mindset beim Sport an op waat kann een selwer oppassen oder wéi kritt een sech selwer motvéiert? De Jeff Paulus ass Fitnesscoach, Personal Trainer an Athletiktrainer. Hien huet Sportwëssenschaft am Master zu Saarbrecken studeiert an ass Diplom Sportprof. Zanter 2011 ass hien selbststänneg an huet sain Studio AFORM gegrënnt (elo um Belval). Hien huet och vill Handball gespillt souguer och fir d’ Nationalequipe. Den Jeff ass Educateur gradué an Papp vun engem klenge Meedchen. Hien wees ganz gudd wei schwiereg et ass heiansto den Sport mam Alldaag ze jongeleieren. www.aform.lu

Episode 1: Forestbathing

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Karen Decker ass Bësch Coach, ma als passionéiert Bësch Guide weess hat awer och ganz vill iwwert d’Beem an och soss all Bëschbewunner ze zielen. D’Karen ass elengerzéiend Mamm vun 2 Kanner, Educateur gradué an huet sech nach ëmmer fir orientalesch Philosophy a Spiritualitéit interesséiert. En Trip a Japan mat 19 Joer hat och do en groussen Afloss. D’Karen huet dann och Chinesesch Medezin studéiert, en Diplom als Face-Yoga-Prof a meditéiert reegelméisseg. 2016 hat hatt en totalen Burnout deen 3 Joer gedauert huet an den Bësch huet gehollef fir do nees erauszekommen a genee dat mécht hat dann och haut mat de Leit: Bësch Coaching… an dat ka vill méi bewierke wéi ee vlait kéint op den éischte Bléck mengen…

www.beschcoaching.lu

Epilogue

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...

About this podcast

Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...

by Sarah Cattani

Subscribe

Follow us