Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Unature

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mat UNature entdecken mir, wéi de Bësch a natierlech Raim zu Lëtzebuerg aktiv zu mentaler
Gesondheet, Präventioun an Educatioun bäidroen. D’Organisatioun verbënnt wëssenschaftlech Fuerschung mat konkreter Praxis a schafft zesumme mat Schoulen, Ministèren a Gesondheetsakteuren, fir Natur als Ressource fir Resilienz an nohalteg gesellschaftlech Entwécklung ze verankeren.
An dësem Episod schwätzen mir mam Julie Schadeck - General Manager vun UNature - wéi wëssenschaftlech Evidenz a konkret Praxis mateneen verbonne ginn. D'Julie schafft um Kräizpunkt vu Mentaler Gesondheet, sozial-emotionaler Entwécklung, Ëmweltpolitik an gesellschaftlecher Transformatioun.
Vun internationaler Projet-Entwécklung iwwer EU-Programmer bis hin zu konkrete Bësch-Projeten
hei zu Lëtzebuerg – si baut Brécken tëscht Ministèren, Schoulen, Gesondheetsakteuren an
Zivilgesellschaft. Mee hannert all Strategie steet eng Iwwerzeegung:
D’Natur ass net nëmmen en Hannergrond. Si ass en aktiven Partner fir Präventioun, Resilienz a
laangfristeg gesellschaftlech Verännerung.

Episode 60: Krav Maga

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Krav Maga ass méi wéi Selbstverdeedegung: et geet ëm Sécherheet,
Selbstvertrauen a mental Stäerkt. Eng praktesch Approche, déi op
natierleche Reaktiounen baséiert a fir richteg Situatiounen entwéckelt gouf –
am Alldag an a schwierege Momenter. De Marc Stoltz war an senger Carrière war hien ëmmer op der Sich no
enger Selbstverdeedegung, déi wierklech funktionéiert – souwuel fir
Asazkräfte wéi och fir normal Bierger. Dat huet hien zum Krav Maga gefouert. Haut ass de Marc ee vun den
héichst graduéierte Blackbelts vu Krav Maga Worldwide an Europa. 2012 huet hien zesumme mat senger Partnerin Jennifer Carat dat éischt voll professionellt Krav-Maga-Selbstverdeedegungszentrum zu Lëtzebuerg
gegrënnt by kickyoufit.

Episode 59: Food Waste

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Be Well haut mam Lisa Albers. Hat ass Responsabel fir Sensibiliséierung an
Informatioun bei on.perfekt, enger sozialer Entreprise, déi Liewensmëttel eng
zweet Chance gëtt a sech aktiv géint Food Waste asetzt. Schon Schonn wärend hirem Studium zu Amsterdam huet si sech intensiv mam Thema Nohaltegkeet auserneegesat – vu Veganismus iwwer Second-Hand-
Konsum bis hin zu hirem Engagement als Bénévole bei enger Fondatioun géint Liewensmëttelverschwendung. on.perfekt huet si vun Ufank un mat vill Interessi verfollegt, a wéi d’Equipe dunn eng Plaz ausgeschriwwen huet, war fir si direkt kloer : hei konnt si hir perséinlech Iwwerzeegungen a seng Passioun zum Beruff maachen.
Wat kennen mir konkret geint Food Waste maan, méi dozou an desem Episode.

Episode 58 : Familiencoaching

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Fabienne Weber war Joren laang Léierin, mat vill Léift fir d’Kanner – bis si
gemierkt huet, datt si sech selwer dobäi verluer huet. Eng
eenzeg Situatioun mat engem Kand ass fir si zum Wendepunkt
ginn. Si huet erkannt, wéi vill vun deem, wat d’Kanner gewisen
hunn, och e Spigel vu hirem eegene bannenzege Chaos war.
Haut geet si e komplett neie Wee: hallef an der Schoul, an
hallef als Familiencoach, wou si Elteren a Kanner mat vill
Sensibilitéit a Selbsterfarung begleet.

Episode 56: Tarot

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir machen en Ausfluch an d’Welt vum Tarot. Wien sech elo eng Madame Irma fierstellt an enger Roulotte mat enger Glaskugel an Kaarten deen lait awer falsch… Tarot de Marseille Versioun 2025. An fir dorriwwer ze schwàtzen ass d’Chloé Schonckert haut bei mir am Studio.

Episode 55 : Energetesch Hausrengegung

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass Rentrée an vill vun ais maan dann och doheem nees alles prëtt- dei grouss Bot oder alles emol aussortieren wat n¨t mei gebraucht gett… ma dat kann een nach mei wait feieren. Energetesch kann een sain Haus nämlech och rengegen an dorriwer schwätzen er haut mam Kathrin Werno, freier Journalistin, mee och Feng Shui Berooderin, Theta Healing Practioner an Coach.

Episode 54 - Living Food

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

"Living Food" beschreift Liewensmëttel, déi an hirem natierlechen, onveraarbechten Zoustand konsuméiert ginn, ouni iwwer d'Kierpertemperatur erhëtzt ze ginn. Dëst bedeit, datt se sou wéineg wéi méiglech veraarbecht ginn, fir hir ursprénglech Nährstoffdicht an d'Enzymer, déi se enthalen, ze erhalen.
D'Véronique Defosse huet no 25 Joer Aarbecht am finanzellen Beraich zu Lëtzebuerg hier Carrière komplett geännert an eng Formatioun op der EAVD gemach ( Ecole d’Alimentation Vivante et Durable) an proposeiert haut Atelieren, Teambuilding an an coaching ennert dem Numm "les vivantes" wou sie den Accent virun allem och op bio an lokal Produiten sëtzt.

Episode 53: Quantum Guidance

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

"Quantum Guidance – Äre Wee zu Iech selwer"
Entdeckt déi déif spirituell Wëssenswelten vun der Quantum Guidanc, oder guidance informationelle quantique op franseisch. Fir jiddereen, deen op der Sich no méi déifem Verständnis a Selbstentwécklung ass.

Episode 52: Menopause

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Caroline Lentz ass geleiert Franséischproff. 2022 ass si duerch eng Operatioun vun haut op muer an d'Menopause komm wou Sie 45 Joer al war. Doropshin huet si sech immens vill zum Thema informéiert a mëscht haut eng Formatioun als Healthcoaching mat enger Holistescher vue vu Gesondheet an Nutritioun mam Schwéierpunkt op Menopause bei der Fra. Sie huet och fir de Forum en Artikel geschriwwen iwwert den Tabu vun der Menopause an der Gesellschaft a virun allem och an der Aarbechtswelt. Ma wat ass iwwerhaapt genee Menopause, mir ginn dësem Kapitel am Liewe vun der Fra an dësem Episode op de Gronn.

About this podcast

Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...

by Sarah Cattani

Subscribe

Follow us