Episode 50 : Rèckblèck
50 Episoden am Rèckblèck!
50 Episoden am Rèckblèck!
Tai Chi ass eng meditativ Kampfkonscht. Nodeems de Johnny Li Northern Shaolin Kung Fu praktizéiert huet an a verschidde Buddhistesche Monastères war ass hien op den Tai Chi komm - mei prezis Wu Taijiquan - e ganz aalen Selbstoofwier System deen och déif am Taoismus an Buddhismus verankert ass. An dëser Technik, déi aus der Kampfkonscht kennt, geet et awer net drëms géint een ze kämpfe vu baussen, mee an der Ligne vun der TCM (Traditioneller chineeseschen Medezin) gëtt een als Praktikant ëmmer besser an et kann ee weider heelen, egal wei al een zB ass. De Johnny Li huet huet an de lëschte 7 Joer säin Liewe ganz ëmgekrämpelt fir an duerch den Tai Chi an haut ënnerriicht hie selwer.
D’Feierdeeg sti virun der Dier an ech wollt mech haut emol mat der fro beschäftegen - wat kann een als Vegan oder vegetaresch Optiounen op den Dësch zauberen. An dofir schalte mir live op Wien bei d’Liz Sinner vu vegelizious . Si ass Rezeptentwecklerin an “Food”-Fotografin a schafft och zesumme mat BIOG oder der Moutarderie de Lux. Den Ament studéiert déi jonk Fra Diätologie zu Wien an haat nach ëmmer eng grouss Leidenschaft fir Iessen a Kachen.
Den Eberhard Driesler kënnt ursprünglech aus Bayern a schafft zanter gudd 30 Joer hei am Land. Hien ass Diplom-Theolog, Diplom-Psycholog, huet e Bachelor an der Philosophie an en Zousatzstudium an der Erwuessepädagogik,
Formatioun als systemesche Psychotherapeut an EMDR. Hien huet laang als Pastoralassistent an der Lëtzebuerger Kierch geschafft a gläichzäiteg als Familljen- a Koppelstherapeut am Familljencenter. Zanter 5 Joer sinn ech Psychotherapeut bei Omega90 an schwätzt iwwert Trauer an Trauerbegleedung.
An dësem Episode gi mir an de Bësch fir eng psychologesch Berodung. A Kader vun de Semaines de la Santé mentale déi all Joer am Oktober sinn interesséiere mer äis nämlech fir eist mentaalt a psychescht Wuelbefannen. D'Anne Stauder trëfft hier Patienten net an engem Cabinet, mee am Bësch an erkläert äis wat hannert der Forest Walk & Talk Technik stécht.
An dësem Podcast interesséiere mer äis fir ADHS bei Erwuessenen. D'Estelle Thilgen ass diploméiert Psychologin mat enger Spezialisatioun an der Neuropsychologie an ADHS. Sie ass och Fondatrice an therapeutesch Coordinatrice vun der "Clinique de l’Attention", ee Service ambulatoire, deen sech op ADHS bei Erwuessene spezialiséiert am Centre Hospitalier du Nord.
Haut interesséieren mer äis fir Diabetes, an dat ass un sech en Iwwerbegrëff fir verschidde Stoffwiessel Erkrankungen. All gemeinsam hunn se dass se zu erheischten Bluttzockerwäerter feieren a Patienten e Mangel um Insulin Hormon hunn oder d’Insulin Wierkung verréngert gëtt.
Jessica Durbach huet e Master an der Gesondheetsfërderung an Erzeihung. Ass Expertin an der Suchtpreventioun an elo säit 2 Joer an der Maison du Diabète an do och zanter engem Joer Chargée de Direction. Niewenbai gett sie och Traininge fir evidenzbaseiert Suchtpreventioun.
D'Kerstin Haller ass Infirmière an da Maison du diabète a responsabel fir Präventioun an den educativen an therapeuteschen Volet.
[enter link description here](https://www.ald.lu/de)
Be Well Podcast mam Tamara Leuck vun kierperfeissaseil.com
Somatics, aus dem engleschen - bedeit un sech de Beräich vun der Kierperraarbecht an der Bewegungsléier an zwar wei een wat vu bannen emfend a wei een déi Erfahrungen ka betounen. Tessy Beckené ass eng ganzheetlech a kierperorienteiert psychopedagogesch Beroderin a somatesch Coach. Sie ass spezialiséiert op Neurodiversität, wie ADHS-Beratung an -Coaching, Traumaverarbeitung, Bindungsproblematiken, souwei Hypersensibilitéit. Des Weideren huet si e Master a “Geistiger Behinderung und Entwicklungsstörungen” gemacht a schafft säit deem am Beräich Diagnostik, Berodung a Begleedung. Dëst geet vu Geeschteger Behënnerung iwwer Léierschwieregkeeten, Autismus, ADHS bis zu Héichbegabun, an all d’Schwieregkeeten déi emotional, familiär a systemesch domat verbonne sinn. Bei hirer eegener Traumaveraabeschtung koum déi somatesch Approche dobäi an dorop huet si sech elo spezialiséiert an ass Somateschen Coach gekoppelt mat Trauma-informéierter Beroderin.
Mir sinn all eenzegaarteg op dëser Welt a gesinn deemno och eenzegaarteg aus! Des Eenzegaartegkeet gëtt dann och nach duerch eng Kombinaisoun vun Nuancë vun eisem äusserleche Wiese betount- äis Aenfaarf, Hoerfaarf, Hautfaarf… Styliste kennen dëst scho laang ma och ee selwer kann erausfanne weieng Faarwe gutt bei ee passen an domat gesäit et net just optesch besser aus, ma et entseet och en neit Liewensgefill. Fir iwwer Farfanalyse ze schwaten ass haut d’Sabrina Iacovazzi am Studio. Dei haaptberufflech Danzproff hëlleft anere Leit fir déi richteg Faarwen an hiert Liewen ze kréien, an dat kann net just nëmmen äusserlech mee och ganz aanescht hëllefen.