Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Episode 22 : Schlof

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Schlof ass un sech en Zoustand vun absolutter Rou bei Mënsch an Deieren. Den Puls, d’Noutfrequenz an och den Bluttdrock veränneren sech an eisem Schlofphasen an schlof ass wichteg fir en gesond an equilibréiert Liewen, ma weder ze vill nach ze mann Schlof ass gutt fir äis.

Wéi mir kennen besser schlofen, méi ausgeglach rouen an am Gesamtbild méi balancéiert kenne sinn dat ass der Masa Nobilo hier Aufgab. Dei fréier Interpretin an Iwwersetzerin ass haut als Coach Actif. Sie ass Embodied Facilitator, Sleep Coach and Movement an Acro Yoga Enseignant an verreit ais an dësem Podcast wéi mir all besser kënnen schlofen.

Episode 21: Allergien

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Allergien sinn en Phänomen vum Occident, wisou dat esou ass an wat een preventiv kann maachen, dat beliichten mer an dësem Episode vum Be Well Podcast. Pollen, Liewensmëttel, Fell vun Deieren oder Milben… et ginn eng hëllewull un Saachen op déi déi Erwuessen ma och d’Kanner allergesch reagéieren an déi puer awer och heiansdo ganz vill Auswierkungen op den Alldag hunn. Mee wat genee ass iwwerhaapt eng Allergie, wei entstinn se an wei kann een se evitéieren oder esouguer heelen?  
Doriwwer schwätzen ech haut mat der Allergologin Dr Francoise Morel

Episode 20: Trisomie21

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Trisomie 21 ass déi heefegst genetesch Anomalie. 1 op 1000 Gebuerten getraff ass. Sie exiléiert op der ganzer Welt an dat schonn zanter ëmmer. Un sech enthalen Zellen vun engem Mënsch mat Down Syndrom eng zousätzlech Kopie vum Chromosom 21 also hunn si der am ganzen 3 puer an dohier och den Numm Trisomie 21. Mee wei ass d’Liewen mat deem “Chromosome en plus” an wei ass d’Situatioun haut . Doriwwer schwätzen mer mat der Presidentin an Fondatrice vun der Asbl Trisomie 21 am Kader vum Weltdaag vun der vun der Trisomie 21 den 21 Mäerz. Hei am Land ginn et em déi 250 betraffen Famillen.

Episode 19: Danz

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Danz, dat sinn un sech eng Serie vun Mouvementer déi dacks ästhetesch oder symbolesch gemengt sinn, et ass d’Beweegung vum Kierper ouni Wierder, et ass quasi eng Zort Sprooch vum Kierper. Wat fir eng Auswierkungen huet Danzen op eis? Kann eigentlech jiddereen Danzen? Wei kann Danzen eis als Erwuessenen mee och als Kand positiv beaflossen an eventuell zu engem ganz neien Kierpergefill hëllefen. Doriwwer schwätzen mer mat der Danzpädagogin Kamille M. an naitsten Podcast Be Well, de gesonde Podcast zu Lëtzebuerg.

Episode 18: Mindful Eating

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dësem neien Episode beschäftegen mer eis haut mam Sprit vum Kierper, nämlech eisem Iessen an eisen Iessgewunnechten. Mindful Eating: wei kann ech méi bewosst an méi intuitiv Iessen an weieng ganz einfach Saachen kann ech an mengen Alldag ëmsetzen fir dass d'Iesssaachen déi ech zou mer huelen mir och an Leif an Séil gutt dinn. Doriwwer schwätzen mer mam Tammy Diderich, Diététicienne am Sportslycee. Sie ass spezialiséiert op Sporternährung an Intuitiv Iessen.

Episode 17: Osteopathie

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Osteopathie ass eng eegestänneg Form vun Medezin an där mat den Hänn geschafft gëtt. Den Mënsch gëtt an senger Gesamtheet behandelt. Vill Leit ginn mat Neigebueren bei den Osteopath oder z-B wann se Péng am Kierper hunn oder aner Problemer. Wat genee ass Osteopathie? Wou hëlleft se an wat ënnerscheet Osteopathie, vun Kiné, Chiruparktiker oder MikroKiné? Vir doriwwer ze schwätzen ass haut den Laurent Devalet bei mir. Hien schafft 2015 als Osteopath an enger pluridisziplinär Praxis.

Episode 16: Burnout

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Emotional exhaustion syndrome oder och Burn Out genannt huet een op 10 Employéen an Europa. Am Grand-Duché geet des Zuel souguer nach an d’Lut mat 2 Persounen op 10 déi sech op der Aarbecht gestresst fillen, an chroneschen Stress ass den gréissten Risikofacteur fir en Burn Out. Haut schwätzen mer mam Violaine Neuser , Psychologin am Gesondheetszentrum. Sie ass spezialiséiert am Stress Management an Biofeedback Therapy.

Episode 15: Hypnotherapie

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Hypnotherapie baséiert op Psychotherapie an schafft mat verännertem  Bewosstsinn déi ënnert dem Begrëff  „Trance“ zesummegefaasst ginn. Dëst passéiert duerch Techniken mat Suggestiounen an Formuléieren an sollen et erméiglechen un Partien vun Ennerbewosstgsinn ze kommen op déi mir soss am alldeeglechen liewen keen Accès hunn. Fir mat äis doriwwer ze schwätzen accueilléieren ech haut d’Vanessa Grandjean, si ass Psychotherapeutin am Centre Hospitalier de Luxembourg

Episode 14: Microkinesitherapie

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Microkinesitherapie ass eng douce an manuell Therapie wou mat Beréierung geschafft gëtt fir am Organismus déi Platzen ze fannen wou Wonnen nach net geheelt sinn. D'Microkiné, wéi se kuerz genannt gëtt kann Irritatiounen oder Trauma opschaffen déi engem un sech net vlait guer net wierklech bewosst ass. Fir doriwwer ze schwätzen ass haut den Kiné Christophe Radek bei mir am Studio deen zanter 30 Joer als Kiné schafft ma haut quasi just nach Microkiné praktizéiert zu Lëtzebuerg an an Frankräich.

Episode 13: Yoga Therapie

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Yoga gëtt et an den ënnerschiddlechste Varianten an déi al Léier aus Indien ass scho laang e weltwäiten Trend. Et ass eng Antik Praxis fir den Kierper an den den Geescht ze harmonéieren an dat mat Otem Exercicer, Übungen an Meditatioun. Yoga Therapie ass wann een des Prozesser ganz bewosst a säin deeglecht Liewen abaut an applizéiert. Mir schwätzen mam Helder de Graça deen schonn méi wei 10 Joer Yoga an och Yoga Therapie enseignéiert an praktizéiert.

About this podcast

Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...

by Sarah Cattani

Subscribe

Follow us