Episode 63: Vipassana
An dëser Episod schwätze mir mam Greta Flisi iwwert Vipassana Meditation – eng al Praxis vun Observatioun, Stëll a Bewosstsinn, déi weltwäit duerch S.N. Goenka bekannt gouf. D’Greta deelt, wéi eng 10-Deeg-Retraite hiert Liewen grondleeënd verännert huet, firwat mir d’Quell vun eisem Gléck an eis selwer fannen, a wéi Vipassana hëllefe kann, méi Rou, Kloerheet a Präsenz an den Alldag ze bréngen.
Comments
New comment